Real Estate
Advisory

scroll down

Als Keefer oder Investisseur braucht Dir d'Gewëssheet, dass Är Interessie voll a ganz respektéiert ginn, dass Dir all d'Risiken a Schwaachpunkten erkannt an ofgedeckt hutt an dass Dir de Kafpräis optimal verhandelt hutt. Dëst ass séchergestallt, well mir eis konsequent an den Déngscht vum Keefer stellen.

Är Erausfuerderungen als Keefer

Als Keefer sidd Dir mat enger ganzer Rei Schwieregkeete konfrontéiert:

  • Ass de Präis gerechtfäerdegt?
  • Ginn et potentiell Risiken? Oder e verstoppt Entwécklungspotential?
  • Entsprécht de Loyer dem Marché? Wéi eng Periode muss ech aplangen, wou den Objet eventuell net verlount ass?
  • Wéi optiméieren ech mäi Profit?
  • Wéi eng Käschte muss ech fir Maintenance, Renovatiounen oder Reparatioune virgesinn?
  • Erfëllt den Objet d'momentan legal Ufuerderungen?
  • Wéi e Gewiicht hunn d'energetesch Virschrëften? Mat wéi enge Käschte muss ech als Proprietaire rechnen?
  • Wéi eng Käschten a Steiere wäerten ufalen?
  • Wéi eng steierlech Aspekter sollt ech a menger Rechnung berücksichtegen?

Vermeit Risike mat Hëllef vun eiser strukturéierter Method

Iwwer zéng Joer Erfahrung si schonn an d'Entwécklung vun eiser haiteger TOOLBOX agefloss. Iwwer 40 Themen, Risiken an Aschätzunge gi systematesch a strukturéiert ofgedeckt.

Dëst erlaabt Iech als Keefer:

  • all d'wichteg Risiken auszeschléissen oder si ze identifizéieren a finanziell anzeplangen,
  • all d'Käschten, déi am Kader vun der Acquisitioun ufalen, an all d'Käschte fir Maintenance, Renovatiounen oder Reparatiounen, déi zu engem spéideren Zäitpunkt ufalen, ze identifizéieren an anzeplangen,
  • den tatsächleche Wäert vum Objet realistesch aschätzen ze kënnen,
  • all d'Argumenter a Fakte fir d'Präisverhandlunge virzebereeden.

De reelle Wäert kafen

Verhandelen heescht net feilschen,
entdeckt mat eis d'Konscht vum Verhandelen.

Eis Leeschtunge schafen Iech e Wäert

Notzt eis laangjäreg Erfahrung.

Är Virdeeler:

  • Komfort

    well Dir all d'Risiken, Schwächten an aner Verhandlungsargumenter identifizéiert an dokumentéiert hutt.

  • Keng Suergen

    well Dir Iwwerraschunge vermeit an all d'Käschten an zousätzlech Investitiounen anticipéiert hutt.

  • Zefriddenheet

    well Dir sécher sidd, e gerechtfäerdegte Präis bezuelt an eng gutt Investitioun gemaach ze hunn.

Eis Leeschtungen:

  • 1

    Berodung

    Investitiounsberodung, Finanzsimulatiounen a Sich nom richtegen Objet.

  • 2

    Analys vum objet

    Detailléiert Iwwerpréiwe vun der Acquisitioun, Risikoanalys an Aschätzung vun de Käschten (TOOLBOX 40+).

  • 3

    Verhandlungen

    Strategesch Virbereedung a Begleedung vun de Präisverhandlungen.

D'Käschte vun eise Leeschtungen?

Eis Honorairen hänke vum Resultat of. Sou hutt Dir d'Garantie, dass d'Honorairen, déi ufalen, am wierkleche Sënn vum Wuert lukrativ ugeluecht sinn. Eng echt Win-win-Situatioun.

Fir weider Froe si mir gär fir Iech disponibel.

Eis Erfahrung

Den Erfolleg vun Ärer Investitioun ass duerch eis Erfahrung garantéiert.

Eise Grënner, den Dr. Tremuth, huet Acquisitioune mat enger Gesamtfläch vun iwwer 400 000 m2 an de Beräicher Wunn-, Büro- an Industrieimmobilië begleet.

Seng zéng Joer Erfahrung an der Bau- an Immobiliëwirtschaft decken ënner anerem folgend Themen of:

  • Acquisitioun Due Diligence a Berodung,
  • Projektentwécklung,
  • Verhandlung an Iwwerwaachung vu Bauverträg,
  • Begleedung vu VEFA-Verträg.

De Laurent Tremuth ass DGNB Registered Professional a Formateur an der Luxembourg School for Commerce.

Trefft de Laurent Tremuth op LinkedIn.

Kontakt

Kontaktéiert eis fir weider Informatiounen
oder wann Dir wëllt zeréckgeruff ginn.

20, place Guillaume II
L-1648 Luxembourg

+352 206 003 76

* obligatoresch Donnéeën